top of page
Logo Biergerlescht Yellow carre-02-02.jpg

• ATTRAKTIVITÉIT, FRÄIZÄIT A KULTUR

Eis Géigend hat mat hirer Natur, kultureller an touristescher Offer an dem Veräinsliewen ganz vill ze béiden. Fir eis Gemeng als Erliefnis- an Erhuelungsgebitt fir Awaner a Visiteuren nach méi interessant ze gestalten, brauche mir nei Attraktiounen am Beräich Aktivtourismus. Mat der Ubannung van eise Vëlosweeër aan d’Vennbahn muss paralell fir déi passend Infrastruktur gesuergt ginn. Eng zentral Ulafstatioun zu Cliärref um Site van der aler Schwämm mat gënstegen Iwwernuechtungsméiglechkeeten (Jugendherberg) fir d’Vëlostouristen ass an den Aan van der Biergerlëst déi richteg Optioun. Ergänzend zu deenen Aktivitéiten, déi et an der Regioun Eisléck scho ginn, wëlle mir viran allem Jonker a Familien uspriechen. Ekologesch vertrietbar Projeten am Respekt vam Naturpakt an am Accord mat den Oplage vam Citta-Slow Label, deen d’Gemeng hat, wären zum Beispill: Eng Rodelbahn, ee Rutschbahnepark, e Kloterpark oder eng Tyrolienne. Eng spannend nei Aktivitéit as och ee Grond méi, fir eis Gemeng ze besichen an dobäi van eiser Geschäftswelt, der Gastronomie an der Hotellerie ze profitéieren. •

Logo Biergerlescht Yellow carre-02-02.jpg

• INFRASTRUKTUR, NOHALTEGKEET AN ENERGIE

Et ass aan der Zäit, fir eng Bestandsopnam van de Gemengegebaier ze maachen an hier Notzung zum Deel nei ze definéieren. Eis Gemengeservicer brauchen endlech gemeinsam Raimlechkeeten, déi et hinnen erméiglechen, vun engem moderne Standuert aus, d’Verwaltung vun der Gemeng ze geréieren. An deene läste Joren hat et a ville Beräicher aa Konzepter an Entscheedunge gefeelt. Gebaier, wéi déi al Schwämm oder d’Museksschoul zu Cliärref, däerfen net weider dem Verfall iwwerlooss ginn. Viran allem net, wann et op der anerer Säit aan Veräinssäll feelt an d’Schoulstrukturen zu Reiler méi wéi ausgelaascht sënn. Een zweete Schoulsite mat adaptéierten Strukturen, wéi ënner anerem och eng Schwämm, ass mëttel- a laangfristeg onemgänglech. Am Sënn van engem gesonden Ëmgang mat eise Ressource, sollte mir och an eiser Gemeng ee sozio-ekologesche Projet am Beräich van der Economie Circulaire initiéieren. Heifir ginn et genuch Beispiller op anere Plazen: Am Second-Hand Beräich, an der Renovatioun vu Miwwelen oder Vëloen, mat gedeelten Atelieren a Gemeinschaftsgäert. Collaboratioune mat regionale Beschäftegungsinitiativen souwéi eise Schoulen kënnen d’Zesameliäwwen an der Gemeng beräicheren an nei Aarbechtsplaze schafen.  Mir setzen eis verstäerkt fir lokal a regional Léisungen an, wann et drëms geet, Holz aus Gemengen- a Privatbëscher nach méi nohalteg als Energiequell kënnen ze notzen. Et ass eis och wichteg, fir d’Ziler vam Klimapakt ëmzesetzen an ëmweltfrëndlech Technologien an eise Gebaier anzebauen.

Logo Biergerlescht Yellow carre-02-02.jpg

• URBANISMUS, ENTWÉCKLUNG A MOBILITÉIT

An Zäite wou et aa Wanraum feelt, muss och déi Cliärrwer Gemeng sech engagéieren, fir neie Logement ze schafen. Dëst kann d’Gemeng duerch gezielt Asetze van eegenen, ongenotzten Immobilien oder Terrainen. Pilotprojeten am Beräich van alternative Wanformen, wéi zum Beispill Wangemeinschaften oder intergenerationellt Zesameliäwen, mussen erméiglecht a van der Gemeng selwer initiéiert ginn. Doriwwer eraus mussen de Logement intégré an de Logement social méi gefuerdert ginn. D’Ausféierung van den Iddien aus dem Pacte Logement 2.0 mussen zu der nächster Gemeng hire Prioritéite gehéieren.  Bei der Schafung van neiem Wanraum dierfen eis Uertschaften hiren Duarrefcharakter net verléieren. Shared-Space Zone sollten dowéinst feste Bestanddeel an der urbanistescher Planung ginn, mam Zil, foussgänger- a kannerfrëndlech Duarrefplazen ze erhalen.  Mat dem Entstoe van neie Logementer, dem Ausbau vam Lycée Edward Steichen a wuessenden Uspréch un den ëffentlechen Transport, gëtt d’Gare een ëmmer méi wichtege Mobilitéitspôle fir dee ganzen Norden. D’Gemeng muss onbedéngt eng aktiv Roll bei der Gestaltung vam Quartier Cliärrwer Gare iwwerhuallen. Parkméiglechkeete mat Ubannung aan d’Mobilité douce sollten heibäi eng wichteg Roll spillen.

Logo Biergerlescht Yellow carre-02-02.jpg

• GESCHÄFTSWELT A BETRIBER

D’Gemeng muss mat geziilten Initiativen d’Attraktivitéit van eisen Uertschaften erhalen an och neie Betriber et erméiglechen, sech néierzelossen. D’Schafe va Start-up Surfacen ass an eisen Aan heibäi ee wichtege Punkt. Gedeelte Bürosflächen, Pop-up Stores oder Dépoten zu soziale Loyere kënne klenge Betriber een erfollegräichen Ufank erméiglechen. Gläichzäiteg muss déi bestoend Geschäftswelt fréi bei der Ausriichtung van der Gemeng hiren Efforte mat agebonne ginn. Eng gemeinsam Linn bei deem, wat ee wëllt en place sëtzen, ass wichteg, fir dat jiddereen ka profitéieren. Déi sënnvoll Ideen aus dem Masterplang Cliärref 2030 mussen och an d’Réalitéit ëmgesat ginn. Bei der Organisatioun va Fester an aneren Evenementer an der Gemeng brauch et eng besser Koordinatioun tëschent alle betraffenen Akteuren. D’Gemeng muss heibäi fir dat néidegt Équipement suergen wat den Organisateuren zur Verfügung gestallt ka ginn.

  • Facebook

©2023 D’Biergerlëst Gemeng Cliärref

bottom of page