Léif Legd allegar aus der Cliärrwer Gemeng,
WEE SIE MIR ?
D’Biergerlëst Gemeng Cliärref wëllt sech fir anzefänke kuerz virstellen; mir sënn e Grupp van 11 onofhängege Kandidaten tëschent 21 a 58 Joer aus 7 Diärrefer an der Gemeng. Zesame wëlle mir op enger Lëst fir déi nächst Gemengewalen antrieden. Eis verbanne gemeinsam Iddien an d’Motivatioun, sech aktiv bei der Entwécklung van der Gemeng mat anzebréngen.
MIR SOEN MERCI
Léif Leit allegar, mir soen Eech ee ganz grousse Merci fir dat iwwerwältegend Vertraue, wat dir eis den 11. Juni bei de Gemengewalen entgéint braacht hatt. Mir së prett fir d'Verantwortung déi nächst 6 Joer an enger Koalitioun mat der CSV kënnen ze iwerhuallen. Den 18. Juli gëtt deen neie Cliärrwer Schäffen- a Gemengerot vereedegt an duerno kënnen eis 4 gewielten Vertrieder; de Georges Keipes als neie Buergermeeschter, de Georges Glod als Schäffen, souwéi de Patrick Reiff an d’Tina Koch als Conseilleren, sech fir äer Interessen asetzen.
Eist Resultat an Zuelen:
Sëtzverdeelung
ÄR KANDIDATE VAN DER BIERGERLËST
Georges Keipes
35 Cliärref
- Jurist - Bestat a Papp van engem Kand - Schäffe van der Gemeng Cliärref
- Musik, Foussball an Autosport
Jaime Arend
22 Drauffelt
- Engagéiert am gastronomesche Familjebetrib
- Bénévole a verschiddene Veräiner
- Sekretär vam Ardenner Sportfëscherveräin
- Foussball, Velo a Wantersport
Carlos Fonseca
35 Drauffelt
- Employé de l’État
- Aktiv an der Gastronomie
- Sproochen, Musik a Sport
Georges Glod
38 Cliärref
- Enseignant am LESC a bei der UGDA Musikschoul
- Musiker, Dirigent a Grënner vam Jugendensembel Clarindo
- Studium an der EU Politik um Centre International de Formation Européenne
Tina Koch
45 Eselborn
- Infirmière en Prévention et Contrôle de l’infection - Infirmière psychiatrique
- LSAP-Vize-Präsidentin
- Membre du Conseil supérieur de certaines professions de santé
- Secrétaire Générale de l'Association Nationale des Infirmières et Infirmiers du Luxembourg
Gérhard Lamesch
58 Hengescht
- Employé BCEE
- Bestat a Papp van 2 Kanner
- Bénévole bei Handicap International
- Member vam Hengischter Gesang a va Gaart an Heem Sectioun Cliärref
Patrick Reiff
48 Ischpelt
- Patron a Gérant van Agri-Produits an Lelycenter zu Ischpelt
- Bestat a Papp van 2 Kanner
- Member vam Opsichtsrot va Synplants
- Mountainbike, Jaagd a Wantersport
Andy Steffen
41 Hëpperdang
- Eisebunner
- Bestat a Papp van 3 Kanner
- Auteur an Éditeur
- Präsident van der Elterevereenigung Reiler Schoul
Pierre Turpel
48 Marnach
- Schullmeester
- Bestat a Papp van 2 Kanner
- Member van der Mobilitéitskommissioun
- Scout (Grupp St Benoit Cliärref)
- Präsident van de Frënn van de Cliärrwer Guiden a Scouten
Frédéric Reiser
53 Reiler
- Geschäftsmann
- Bestat a Papp van 2 Kanner
- Fotograf zu Cliärref
- Trésorier vam Cliärrwer Geschäftsverband
Patricia VENÂNCIO
27, Cliärref
- Täteg am Jugendsecteur (Jugendinfo.lu)
- Semi-professionell Sängerin
- Bénévole beim FC Claravallis
Wann dir eis wëllt ënnerstëtzen da gitt eis bei de Kommunalwalen den 11. Juni 2023 äer 11 Stëmmen.
Upcoming Events
- mer. 17 mai17 mai 2023, 20:00Clervaux, Heinerscheid, Clervaux, Luxembourg